Description
Dësen neie Roman vum Jhemp Hoscheit spillt tëschent Mäerz a Juni 2020.
D’Famill Gelser, de Papp Laurent, fräischaffenden Auteur, d’Mamm Manon, Salariée bei enger Assurancë-Gesellschaft, an d’Teenager-Duechter Lena erliewen déi intensiv Zäit vum éischte Confinement zesummen doheem.
Jidderee probéiert op seng eege Manéier, dermat ëmzegoen, d’Zait ze notzen an d’Kontakter no baussen ze limitéieren. Ma déi ugespannt Situatioun ass och eng grouss Erausfuerdeerung fir d’Relatiounen ënnereneen, fir d’Ausernanersetzung mat der Aktualitéit a fir d’Meigelechkeet vun enger neier Kreativitéit.
En zäithistoresche Roman, an deem Prosa a Poesie sech begéinen.