Description
D’Robin ass e klenge Villchen a gëtt vun enger Mausfamill opgeholl. Hatt wëll näischt méi ewéi esou gutt kënne Grimmele stibitze wéi si … a säi gréisste Wonsch ass et, selwer eng Maus ze sinn. Bis enges Daags, wou hatt erkennt, dass et gutt esou ass, wéi et ass … a genee esou – duerch säin Aneschtsinn – senger Famill am meeschten hëllefe kann.