Description
1963 huet den Norbi, e Bouf vun zwielef Joer, keng grouss Wiel. Et ass bal alles verbueden an iwwert déi meeschte Saache schwätzt een net. Et ginn déi Gutt oder déi Béis, déi Schwaarz oder déi Rout, den Himmel oder d’Häll, Perl oder Pica, wéi d’Schrëfttypë vun de Schreifmaschinnen, déi de Papp a sengem Buttek verkeeft.
Den Norbi fënnt am Agenda vu sengem Papp a regelméissegen Ofstänn e Buschtaf, de P. Dëse P stellt hie virun e grousst Rätsel. De Krich ass scho laang eriwwer, awer e geeschtert nach an de Käpp vun de Leit.
E Besuch am Monument aux Morts mat der Schoulklass ass wéi e Schock. A wann de P da fir Preis stéing? Fir e Gielemännchen?
Perl oder Pica beschreift eng lëtzebuergesch Kandheet zu Esch-Uelzecht. Et geet ëm d’Sich no der Frëndschaft an der Wourecht, aus der naiver a witzeger Siicht vun engem Bouf.
Reviews
There are no reviews yet.