Operatioun Meedag

22.00

3 in stock

SKU: 9789995942540 Categories: , , ,

Description

Endlech ass en do, de véierte Band aus dem Jean Schoos senger Serie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“.

Mir schreiwen d’Joer 1978: Den Enquêteur Fischbach huet ee besonnesch därege Fall op sengem Schreifdësch. Am Bettener Klouschter gouf et eng Geiselnam, wou zwee ausser Kontroll gerode Bouwe ëm d’Liewe komm sinn. Donieft muss awer och en terroristescht Attentat op d’Veranstaltung vun de Gewerkschafte fir den 1. Mee verhënnert ginn.
De Fischbach fënnt a béide Fäll Spuren, déi an déi selwecht Richtung deiten, an d’Richtung vun engem ale Bekannten, deen ouni Skrupel seng perséinlech Ziler verfollegt a géint d’Gendarmerie intrigéiert.
Ob dësem Mann dat geléngt, an ob de Fischbach deem Spillchen endgülteg nogëtt, dat gëtt een an dësem Krimi gewuer, dee wéi gewinnt op historesche Fakte baséiert.

Dem Jean Schoos seng Serie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“ beweegt sech an de siechzeger, siwwenzeger Joren a behandelt d’Entwécklung vum Enquêteur Fischbach. Um Ufank nach zweete Mann an der Sûreté, ass hien elo zum Kapitän avancéiert a muss sech méi a méi mat administrativen Aarbechte beschäftegen a mat deem, wat derhannert stécht. Et gëllt, d’Gesiicht vun der Gendarmerie am richtege Liicht ze behalen, an dem Fischbach gëtt ëmmer méi bewosst, wat en dofir a Kaf muss huelen.

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Operatioun Meedag”