Nuertsfuerer

17.90

1 in stock

SKU: 9782879672588 Categories: ,

Description

Et geet biergop a ganz geschwë kënnt de Bësch.
Hien huet dës kleng Strooss gär, weess, dass hien hei eleng ass mat sech, sengen Hänn, senge Féiss, de Pedallen an der Gankschaltung. a mat sengen Aen, déi d’Däischtert mussen duerchfuerschen.
Vitess erof, zeréckschalten – hien dréit um Luuchtenhiewel. D’Standluuchten taaschten de Wee nach of. Nächsten Dréi um Hiewel, kee kënschtlecht Liicht méi! Faszinant Däischtert, déi seng Sënner op ee Coup hellwaakreg mécht! Hien héiert de Motor vill méi intensiv, all klengste Knubbel an der Stross spiert hien duerch säi ganze kierper, seng Aen entdecken nei Detailer, gi grad erëm frsch an dës Welt gebuer.
D’Beem schütze säi gefier mam Schiet vun hiren Äscht, de GTV fënnt de Wee wéi vum selwen.
Hien ass scho bal op der kopp, wéi dar duusst Schaukele vu Scheinwerfern him duerch den Nuerthimmel entgéintschwierft.