Description
De Wollef huet esou vill Dreem! Wéi e Villchen ze fléien, de Kleeschen ze treffen, Zauberer ze ginn… Wéi en amplaz vu sengem Zant eng Gromper ënner sengem Kappkësse fënnt, setzt en se einfach an de Gaart, obschonns seng Frënn duerwéinst de Geck mat him maachen. Ma vläicht ass et jo eng magesch Gromper?