Description
Ma wien ass dëst Wiese mat grujelege Kloen, gewëss, a grujelegen Zänn an dem grujele Gebëss? Hien huet knubbleg Knéien, un all Patt grässlech kromm Zéiwen, fënnef Stéck, an eng gëfteg gréng Waarz op sengem Nueseréck.
Begleet déi lusseg kleng Maus duerch den déiwen, däischtere Bësch a looss dech iwwerraschen, wat geschitt, wa se engem Fuuss. enger Eil, enger Schlaang an engem hongerege Grüffalo begéint…