Dat grousst Féissbuch

28.00

1 in stock

SKU: 9789995942434 Categories: , ,

Description

Dat grousst Féissbuch ass dat ultimatiivt Buch iwwer d’Féiss. Féiss an alle Variatiounen, an alle méigleche Kontexter ginn a 14 Kapitele virgestallt a mol méi, mol manner detailléiert behandelt. Et geet ëm d’Féiss an der Literatur, d’Féiss an der Konscht, Foussreflexzonen, a. v. m. – eben ëm Féiss, déi ee wichtegen Impakt op eis Gesellschaft, eis Kultur an op eis selwer hunn, schliisslech bréngen d’Féiss eis iwwerall hin a wëssen dacks besser wéi de Kapp, wou dat soll sinn.
Dëst Buch ass net ëmmer ganz eescht ze huelen, liwwert vill flott, humorvoll a léierräich Episoden aus der Welt vun de Féiss, dofir: et ass net ëmmer alles schwaarz oder wäiss, grad sou wéineg wéi dëst Buch, well d’Haaptfaarf vu Facebook, dat den Ustouss zu dësem Wierk ginn huet, zitt sech wéi ee roude Fuedem derduerch.
An dësem Buch ass d’Kommentarfunktioun bis op e puer Ausnahmen ausgeschalt, ma et fënnt ee vill ergänzend an illustrativ Zeechnunge vum Michel Geimer, déi den Text op seng ganz eegen Aart kommentéieren.

Ee Buch fir kleng a grouss Féiss, déi eppes Neits entdecke wëllen.

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Dat grousst Féissbuch”