Posted on

Liesung Maryse Hansen 10

Den 10 Juli um 18.30 kennt dir d´Maryse Hansen mat de Museker Serge Kox, Marc Theis an der Kënschtlerin Patricia Lippert am Bichereck erliewen.

Wéngt de Reegelen vun der sanitärer Kris géife mer déi Interesséiert bieden sech bis den 5 Juli unzemellen, méi wéi 12 Plazen kennen mer leider net ubidden.

Umelden kënnt der Iech entweder telefonesch (691819705), per email (info@quaichlekerbichereck.lu) oder iwwert Facebook.

Fir méi iwwert hiert aussergewéinlecht Buch erauszefannen haat de Bichereck d´Madame Hansen op en Interview invitéiert.

Bichereck: Fir d´éischt mol Mme Hansen, eis Felicitatiounen fir de Succès vun Ärem Buch, dat am Bichereck bei eisen Clienten eng staark Resonanz huet. Fir d´éischt mol déi Fro déi warscheinlech jiddereen vun Ären Lieser sech stellt. Wisou den Titel “Panta Rei”?

Maryse Hansen: “Panta Rei” kéint een iwwersetzen mat “Alles ass am Floss, alles verännert sech.” Dëst passt och op den Haaptpersonnage, deen – gezwongenermoossen, an der Verännerung steet och wann se sech dogéint wiert.

Bichereck: Wéi sidd Dir op d´Iddi vir dëst Buch komm?

Maryse Hansen: Mäin Background ass jo deen vun der Psychologie, a menger Aarbecht mat psychesch Kranken.. A wat mech do faszinéiert ass weíni de Mënsch als psychesch krank ugesinn gëtt.. An sech wat ech domadder well soen, ass dass den Iwwergang tëscht normal a krank ugesinn gëtt, zimmlech fléissend ass, et gëtt do keng kloer Ligne wou een seet, dëse Mënsch ass stabil an dësen Mënsch ass onstabil..

Bichereck: Wéi géif der dann den Haaptpersonnage an dësem Buch dann charakteriséieren?

Maryse Hansen: Et ass eng Fra déi sech ganz aus der Ëffentlechkeet zréckgezunn huet , et sinn eng Rei Ëmstänn déi si an déi Richtung drécken, do ass dee schlëmmen Accident vun hiren Elteren zum Beispill, .. Natierlech ass et eng paranoid Reaktioun, en sech op sech zréckzéien, mais och hei stellt sech d´Fro, inwiefern déi Reaktioun verständlech oder krankhaft ass, ..

Bichereck: Wéiwäit ass Panta ´Rei an engem biographeschen Kontext ze gesinn..

Maryse Hansen: Den Haaptpersonnage ass kee bestëmmten Personnage mais éischter e Collage aus verschiddenen Personnagen déi ech a menger Zäit als Psychologe kennen geléiert hunn. Natierlech ass et och deelweis autobiographesch: meng Reaktiounen a meng Erfarungen fléissen selbstverständlech och an dëst Buch eran.

Bichereck: Gett et eng Scène am Buch déi fir Iech besonnesch erausstiecht?

Maryse Hansen: Zwou Scènen kommen mer do an de Sënn: déi éischt wou de Personnage eng Këscht virun der Dier gesäit, an eng aner wou se mierkt dass hier Epicerie wou si akafen geet, fort ass. Zwou Zeenen déi si aus der Bunn geheien déi e Kontrollverloscht mat sech bréngen obwuel si versicht alles ze kontrolléieren.

Bichereck: Ass Schreiwen virun allem Konscht oder ass et Mëttel zum Zweck?

Maryse Hansen: Ech sinn ëmmer e bëssen erféiert wann een mäin Buch als Konscht ugesäit..

Bichereck: Ech mengen dat soen déi meeschten Schrëftsteller ..

Maryse Hansen (laacht) : Jo, fir mech ass et éischter Mëttel zum Zweck , och eng Zort Therapie, ech hunn 16 Joer an der Protection pour les Jeunes geschafft, an do ass Schreiwen e Wee fir erëm a Kontakt mat  mengen Emotiounen ze hunn. An dem Beruff häert een of, an mäin éischt Buch ass eng Sammlung vu Gedichter (Cicatrices, erauskomm 2016), Gedichter an deene ech versicht hunn un déi Emotiounen erunzekommen, déi hannert deene brutalen, faktuellen Faiten leien. Et ass e Schreiwen vir eng Mënschlechkeet erëmzefannen, “des mots pour les maux”, ..

Bichereck: An dem Sënn, geet et dann schonn en neie Projet un dem Dir schafft?

Maryse Hansen: “Panta Rei 2.0” huet jo en oppenen Schluss an do läit dann eng Méiglechkeet eng Sequenz ze schreiwen. Ech wollt dëst Joer den Kumana Kodo a Japan maachen (e buddhisteschen Pilgerwee) mais doraus gëtt jo viraussiichtlech näischt an dann hunn ech Zäit vir en neit Buch ..

Bichereck: Maryse Hansen, mir soen Iech Merci vir dëst Gespréich.

 

 

Posted on

De Quaichlek geet iwwert d´Grenzen

Gutt Nouvellen vir eis Reouverture. Mir sinn frou Iech kenne matzedeelen dass eis Zesummenaarbecht mat KNV Zeitfracht erëm ugelaf ass. Haut Donneschdeg sinn déi éischt Bestellungen ukommen.

Esou hu mer erëm Zougrëff op méi wéi 600.000 Bicher, an alle Sproochen, sief dat Däitsch, Franséisch, Englesch, Spuenesch..An dat vun allen Zorten, Literatur, Saachbicher, Wëssenschaft, Kachen oder Natur. D´Auswiel ass schier onbegrenzt.

An d´Zukunft wäerten mir och direkt vun eiser Website Zougrëff op de Stock vu KNV hunn. All Bestellung déi Dir maacht, a wann mir d´Buch net sollten hunn, geet direkt un eisen Vertragspartner weider. All Densdeg maachen mir eng Sammelbestellung an déi ass dann spéitsten zwee Deeg drop bei eis am Buttek.
An prett vir Iech. Dir kennt se bei eis an de Buttek siche kommen oder mir schécken Iech se. Ouni laang Waardezäiten, vir dass Dir séier a bequem Är Bicher kennt entgéingt huelen.

An dem Sënn wënschen mer Iech lo schonn nach vill schéi Momenter a Freed mat (hoffentlech) eisen Bicher.

Posted on

De Bichereck is back

Léif Frënn vum Quaichleker Bichereck,

Mir sinn méi frou vir Iech kënnen matzedeelen dass eise Buttek de Méindeg den 11 Mée erëm opgeet. Mir hunn nei (gebrauchten) Bicher erakriit,déi mer am Gang ze sortéieren an anzeraumen. Et si ganz vill flott Saachen derbäi, vu Goethe bis Handke, vun Ioenesco bis op Pagnol, George Orwell an eng grouss Zuel Bicher iwwer Kachen a Backen. De Sigmund ass derbäi an en zimmlech faszinant Buch iwwer Indesch/ Buddhistesch reliéis Kultur.

Mir sinn am Gang eise Buttek no den Konditiounen vun der noutwendeger Hygiène anzeriichten. Am Moment kënnen mir leider net méi wéi dräi Leit gläichzäiteg an de Buttek eran loossen. Vir Är Sécherheet droen mir vum Personal d alleguerten eng Otemschutzmask. Eng Fënster an d´Haaptdier ass ëmmer op. Mir hunn e Sécherheetsperimeter ronderëm d´Caisse gemaat, vir Iech léif Clienten ze schützen, an kommen nëmmen a Kontakt mat Iech wann dir dat wëllt.  Bei der Entrée ass e klengen Dësch mat engem Spender vir iech d´Hänn ze desinfizéieren, do steet och eng kleng improviséiert Caisse wou der och kënnt bezuelen. Bicher déi consultéiert gi sinn ginn op en Dësch geluecht wou mer se dann ofmaachen an erëm zréckstellen. Leider ass eis Kaffismaschinne awer och net a Betrib.

An enger éischter Iwwergangsphase bis den 1. Juni hu mir och eis Geschäftszäiten liicht geännert, mir maachen lo um 13.30 op a schaffen bis 17.00. Duerno hoffen mer erëm op eis gewinnten Ouvertures Zäiten zréckzegoen, wann d´Restauranten an d´Caféen ronderëm eis erëm opginn.

Et bleift mir just nach ze soen dass mir vun de Quaichleker Equipe eis ganz vill freeën Iech ze gesinn an dass mir et net kennen erwaarden eisen kléngen Eck erëm opzemaachen.

Jeff Thill

Posted on

Erausgepickt – the best of used

Wéi all Woch, versiche mer Iech e ganz besonnescht Buch aus eisem second hand Katalog ze presentéieren.

Dës Kéier ass et emol un eisem Präsident vir ee vun sengen Liblingsbicher virzestellen. Et ass wéi et ze erwaarden, e Buch op Englesch:

E Klassiker vun der Englescher Literatur ass ouni Zweiwel “Pride and Prejudice”. D´Geschicht spillt sech um  Enn vum 18. Joerhonnert  of – der Zäit vun den napoleoneschen Kricher, mee dat mierkt een an dësem Buch guer net. Villméi dréit sech alles ëm d´Léift – oder wéi een als Mann a Fra déi beschte Partie ka maachen. Am Mëttelpunkt vun der Geschicht steet d´Lizzie Bennet, dat zesummen mat sengen Elteren an véier Schwësteren, an engem rouegen ländlechen Deel vun England lieft. Gesellschaftlech gesinn stinn ze net alt ze héich – zwar hu se Land a Personal – mais d´Geld ass trotzdeem knapp, an de Fait dass d´Kanner all Mädecher sinn, stellt d´Famille an eng existenziell Kris. Well keen männlechen Nofollger do ass fält d´Haus un e Verwandten, esou wëllt et en de Vertrag. Also mussen d´Mädecher e wuelsituéierten Mann fannen, deenen et hinnen erlaabt iwwert d´Ronnen ze kommen. Jo, a vir d´Lizzie Bennet gëtt et do direkt e Kandidat, de Mr Darcy. Mais deen ass esou onheemlech arrogant an iwwerhieflech dass d´Lizzie näischt vun him wëssen well. Gott säi dank, gëtt et jo den Mr Wickham, e ganz sympatheschen Offizéier deen doudschick an senger Uniform ausgesäit. E Mann vir all Fra.. oder?

Dacks verfilmt mat grousse Schauspieler ass “Pride and Prejudice” déi ideal Lektür vir d´Fréijoer.

Posted on

Neies aus dem Bichereck

E neie Bouquet Bicher an der Offerte vir d´Fréijoer. Eis Editeuren an Auteuren schaffen fläisseg weider. An esou kënnen mer iech vir de Mee véier nei Bicher présentéiren.

Et ass vir all Goût epps derbäi

Sief et Intrigen an Spannung, Fantasy a Mythen, Satiresches a Komesches oder awer Tragik a Trauer. Kuckt bis eran a léiert nei Bicher vun bekannten an och manner bekannten Auteuren kennen.

De Joseph Kayser hëllt eis mat op d´Bankenplatz Lëzebuerg wou net alles esou leeft wéi et soll an sengem “Gleef net, Wat d´Fréjoer der Versprécht”. Maat en Sträifzuch durch Mythen an Geschicht mam Thierry Hirsch séngem “De Fuus an de Roude Léiw”.

Oder wann mer schon bei Mythen, e puer gin der op d´Schëpp geholl am Jean Bürlesk sengem “Pleasure of Drowning” , e Buch vir dat en de Prix d´Encouragement de la Fondation Servais 2019 krutt.

D´Wierker vum Edmond Schmitt “Das Medaillon“ an dem Renée Stoll säin “Er nannte mich Mile” féiren eis zréck an déi däischter Zäiten vum Zweeten Weltkrich.

Oder ass do vläit en anert Buch wat Dir gären hätt, dann frot eis, mir sinn gären bereet Iech doranner ze hëllefen.