
Wéi all Woch, versiche mer Iech e ganz besonnescht Buch aus eisem second hand Katalog ze presentéieren.
Dës Kéier ass et emol un eisem Präsident vir ee vun sengen Liblingsbicher virzestellen. Et ass wéi et ze erwaarden, e Buch op Englesch:
“E Klassiker vun der Englescher Literatur ass ouni Zweiwel “Pride and Prejudice”. D´Geschicht spillt sech um Enn vum 18. Joerhonnert of – der Zäit vun den napoleoneschen Kricher, mee dat mierkt een an dësem Buch guer net. Villméi dréit sech alles ëm d´Léift – oder wéi een als Mann a Fra déi beschte Partie ka maachen. Am Mëttelpunkt vun der Geschicht steet d´Lizzie Bennet, dat zesummen mat sengen Elteren an véier Schwësteren, an engem rouegen ländlechen Deel vun England lieft. Gesellschaftlech gesinn stinn ze net alt ze héich – zwar hu se Land a Personal – mais d´Geld ass trotzdeem knapp, an de Fait dass d´Kanner all Mädecher sinn, stellt d´Famille an eng existenziell Kris. Well keen männlechen Nofollger do ass fält d´Haus un e Verwandten, esou wëllt et en de Vertrag. Also mussen d´Mädecher e wuelsituéierten Mann fannen, deenen et hinnen erlaabt iwwert d´Ronnen ze kommen. Jo, a vir d´Lizzie Bennet gëtt et do direkt e Kandidat, de Mr Darcy. Mais deen ass esou onheemlech arrogant an iwwerhieflech dass d´Lizzie näischt vun him wëssen well. Gott säi dank, gëtt et jo den Mr Wickham, e ganz sympatheschen Offizéier deen doudschick an senger Uniform ausgesäit. E Mann vir all Fra.. oder?
Dacks verfilmt mat grousse Schauspieler ass “Pride and Prejudice” déi ideal Lektür vir d´Fréijoer.