Hei fannt Dir lo eis ganz Selektioun vu Bicher.
Déi nei Bicher fannt Dir ënner Shop.
Sicht der eppes Bestëmmtes dann kuckt bei Categories, vir dat séier ze fannen wat der sicht.
Jo, an eis aal Bicher stinn ënner Booking->Uses Books: Bicher an allen Sproochen, vun allen Zorten. All Woch présentéiren mer eise coup de coeur bei de gebräuchten Bicher, ënner “Eräusgepickt – the best of used.”
Ganz wichteg: Wann dir en neit Buch bei eis bestellt an dir bezuehlt mat paypal dann klickt v.e.g. free shipping, mir iwwerhuelen am Moment d´Käschten vum Verschécken. Bei second-hand Bicher misst et allerdéngs eng mindest Commande vun dräi Bicher sinn. (Wann dir awer d´Fraisen schon bezuelt hut dann kritt dir déi selbstverständlich gutt geschriwen am Form vun engem Akafsbong.)
A wann dann d´Kriis bis eriwer ass da kréien mer och erëm nei Bicher vun eisem daitschen Vertriebspartner.
Mir wënschen Iech all vill Spass beim Sichen an schon lo schéin Ouschteren.
– Är Quaichleker Equipe.
Exzellent Aarbecht vun der Quaichlecker Bicher Equipe,
Endlich kritt éen erem Bicher an Echternach ze kaafen, och wann se
déelweis musse bestallt gin. Merci nach éng Kéier fir déi schnell Liwwerung.
vill Courage a weider esou !
F.Goldschmit
Villmols Merci,
Ären Commentaire ass e ganz léiwen Support an motivéiert eis wieder an eiser Arbéscht.
Mbg