
Den 10 Juli um 18.30 kennt dir d´Maryse Hansen mat de Museker Serge Kox, Marc Theis an der Kënschtlerin Patricia Lippert am Bichereck erliewen.
Wéngt de Reegelen vun der sanitärer Kris géife mer déi Interesséiert bieden sech bis den 5 Juli unzemellen, méi wéi 12 Plazen kennen mer leider net ubidden.
Umelden kënnt der Iech entweder telefonesch (691819705), per email (info@quaichlekerbichereck.lu) oder iwwert Facebook.
Fir méi iwwert hiert aussergewéinlecht Buch erauszefannen haat de Bichereck d´Madame Hansen op en Interview invitéiert.
Bichereck: Fir d´éischt mol Mme Hansen, eis Felicitatiounen fir de Succès vun Ärem Buch, dat am Bichereck bei eisen Clienten eng staark Resonanz huet. Fir d´éischt mol déi Fro déi warscheinlech jiddereen vun Ären Lieser sech stellt. Wisou den Titel “Panta Rei”?
Maryse Hansen: “Panta Rei” kéint een iwwersetzen mat “Alles ass am Floss, alles verännert sech.” Dëst passt och op den Haaptpersonnage, deen – gezwongenermoossen, an der Verännerung steet och wann se sech dogéint wiert.
Bichereck: Wéi sidd Dir op d´Iddi vir dëst Buch komm?
Maryse Hansen: Mäin Background ass jo deen vun der Psychologie, a menger Aarbecht mat psychesch Kranken.. A wat mech do faszinéiert ass weíni de Mënsch als psychesch krank ugesinn gëtt.. An sech wat ech domadder well soen, ass dass den Iwwergang tëscht normal a krank ugesinn gëtt, zimmlech fléissend ass, et gëtt do keng kloer Ligne wou een seet, dëse Mënsch ass stabil an dësen Mënsch ass onstabil..
Bichereck: Wéi géif der dann den Haaptpersonnage an dësem Buch dann charakteriséieren?
Maryse Hansen: Et ass eng Fra déi sech ganz aus der Ëffentlechkeet zréckgezunn huet , et sinn eng Rei Ëmstänn déi si an déi Richtung drécken, do ass dee schlëmmen Accident vun hiren Elteren zum Beispill, .. Natierlech ass et eng paranoid Reaktioun, en sech op sech zréckzéien, mais och hei stellt sech d´Fro, inwiefern déi Reaktioun verständlech oder krankhaft ass, ..
Bichereck: Wéiwäit ass Panta ´Rei an engem biographeschen Kontext ze gesinn..
Maryse Hansen: Den Haaptpersonnage ass kee bestëmmten Personnage mais éischter e Collage aus verschiddenen Personnagen déi ech a menger Zäit als Psychologe kennen geléiert hunn. Natierlech ass et och deelweis autobiographesch: meng Reaktiounen a meng Erfarungen fléissen selbstverständlech och an dëst Buch eran.
Bichereck: Gett et eng Scène am Buch déi fir Iech besonnesch erausstiecht?
Maryse Hansen: Zwou Scènen kommen mer do an de Sënn: déi éischt wou de Personnage eng Këscht virun der Dier gesäit, an eng aner wou se mierkt dass hier Epicerie wou si akafen geet, fort ass. Zwou Zeenen déi si aus der Bunn geheien déi e Kontrollverloscht mat sech bréngen obwuel si versicht alles ze kontrolléieren.
Bichereck: Ass Schreiwen virun allem Konscht oder ass et Mëttel zum Zweck?
Maryse Hansen: Ech sinn ëmmer e bëssen erféiert wann een mäin Buch als Konscht ugesäit..
Bichereck: Ech mengen dat soen déi meeschten Schrëftsteller ..
Maryse Hansen (laacht) : Jo, fir mech ass et éischter Mëttel zum Zweck , och eng Zort Therapie, ech hunn 16 Joer an der Protection pour les Jeunes geschafft, an do ass Schreiwen e Wee fir erëm a Kontakt mat mengen Emotiounen ze hunn. An dem Beruff häert een of, an mäin éischt Buch ass eng Sammlung vu Gedichter (Cicatrices, erauskomm 2016), Gedichter an deene ech versicht hunn un déi Emotiounen erunzekommen, déi hannert deene brutalen, faktuellen Faiten leien. Et ass e Schreiwen vir eng Mënschlechkeet erëmzefannen, “des mots pour les maux”, ..
Bichereck: An dem Sënn, geet et dann schonn en neie Projet un dem Dir schafft?
Maryse Hansen: “Panta Rei 2.0” huet jo en oppenen Schluss an do läit dann eng Méiglechkeet eng Sequenz ze schreiwen. Ech wollt dëst Joer den Kumana Kodo a Japan maachen (e buddhisteschen Pilgerwee) mais doraus gëtt jo viraussiichtlech näischt an dann hunn ech Zäit vir en neit Buch ..
Bichereck: Maryse Hansen, mir soen Iech Merci vir dëst Gespréich.